Wheelchair Rugby 2021

No enger Zwangspaus 2020 hu sech dës Joer erem motivéiert Sportler am Rollstull zu Contern getraff fir beim Rollstullrugby Tournoi mat dobäi ze sinn.

Op dëser Mini Editioun waren och Vertrieder aus Däitschland, Holland an der Schwäiz um Start an hunn iwwert zwee Deeg hier bescht Leeschtung op den Terrain bruecht.

Mir si stolz e weidert Joer Partner vun dësem Tournoi gewiecht ze sinn a freeën eis elo schonn op nächst Joer wann mir hoffentlech méi Equippen begréissen dierfen.