Wheelchair Rugby 18

Bei héijen Temperaturen a stralender Sonn hu sech och des Joer Equippen aus Holland, aus der Belsch, Däitschland a Lëtzebuerg zu Contern getraff fir um Rollstullrugbytournoi deel ze huelen!

D‘Spiller hunn trotz der Hëtzt de Spectateuren spannend Matcher, haart Zweekämpf a grousse Rollstullrugby gebueden. D‘Equippe aus Lëtzebuerg konnt sech am Match fir déi 3. Plaz géint de Gewënner Schwäiz vum leschte Joer duerchsetzen an an der Final konnt sech d‘Equipe aus der Belsch d‘Kroun opsetzen.

E grousse Merci geet un déi vill Fräiwëlleg an Ënnerstëtzer vum Tournoi!