Wheelchair Rugby 16

Déi zweet Editioun vum Wheelchair Rugby Tournament war erëm e groussen Erfolleg. Mir si frou an houfreg och erëm dëst Joer dëst ganz speziellt sportlech Evenement gesponsert ze hunn. Sportler aus der Belsch, Däitschland an Holland hu sech zu Contern getraff fir d’Pneue vum Rollstull brennen ze loossen. Et war wéi ëmmer spannend a bemierkenswäert wéi dës Sportler esou een Éiergäiz opbrénge fir hirem Sport nozegoen.