Wëllkomm

D’Fondatioun Wonschstär huet sech zum Zil gesat, Mënschen ze hëllefen, deenen hiert alldeeglecht Liewen duerch Krankheeten, Accidenter oder Schicksalsschléi extrem belaascht ass. Eisem Grondgedanken no soll jiddereen d’Méiglechkeet hunn „seng Dreem ze verwierklechen“.

Leider sinn d’Viraussetzungen fir dëst universellt Recht net fir jidderee gläichermoossen erfëllt. Dofir probéiere mir déi Leit ze begleeden an ze ënnerstëtzen, déi – deelweis oder souguer scho ganz – de Glawen un hir eegen Ziler a Liewensdreem verluer hunn. Dofir, datt Dreem net nëmmen Dreem bleiwen, si schéin Erliefnesser an t’Perspektiv op eng besser Zukunft déi beschte Medezin fir neien Opdriff.

Eis Fondatioun wëll weisen, datt wann e wëll, een immens vill erreeche kann. Et soll een ni d’Hoffnung verléieren.

Wann Dir eis beim Erreeche vun eisen Ziler duerch e Benevolat ënnerstëtze wëllt, da kontaktéiert eis per E-mail. Wann Dir eis finanziell wëllt hëllefen, da kënnt dir dat duerch een Don op eise Bankkonto maachen.

Mir soen Iech villmools Merci a freeën eis op all Hëllef déi mir kréien.

Wat wënschs du dir?

Wat wënschs Du dir? Déi meescht Leit soen, datt wann e säi Wonsch verréit, dësen net an Erfëllung ka goen. Mir wëllen awer, dass Du äis vun Dengem Wonsch erziels, well mir Dir weise wëllen, datt näischt onméiglech ass. Soubals Du äis Däi Wonsch matgedeelt hues, huele mir eis deem un an e vun eisen Memberen wäert sech esou séier wéi méiglech bei Dir mellen.

Ënnerstëtzt och dir eis!

Sidd och dir begeeschtert vun eise Projete fir gouss a kleng, gidd gären ee vun eisen Ënnerstëtzer a sidd esou en Deel vum grousse Ganzen, dann kënnt dir d’Fondatioun Wonschstär ganz gären mat engem Don finanziell ënnerstëtzen.

Banque de Luxembourg

LU82 0080 3062 1330 2001

Bic/Swift: BLUXLULL

Villmools Merci

*Dir kënnt ären Don bei ärer nächster Steiererklärung ofsetzen.

Huelt mat eis Kontakt op!

Wann Dir mat eis Kontakt wëllt ophuelen, da kënnt Dir eis uruffen oder hei schreiwen. Mir beäntweren Iech gär all är weider Froen. Sidd Dir eventuell interesséiert äis bei eisen Aktiounen oder Evenementer ze hëllefen, da kënnt Dir eis och einfach hei schreiwen. Mir sinn ëmmer bereet, mat anere Leit zesummen ze schaffen a freeën äis op Äre Message.

RGPD

9 + 2 =

Kontakt

25a, route de l'Europe L-5531 Remich

+352 671 888 000

info@wonschstaer.lu

LU82 0080 3062 1330 2001

Newsletter

Wëllt dir emmer gären iwwert all eis Projeten um Courant sinn, dann gidd eis är Coordonnéen a mir setzen Iech op eis Newsletterlëscht, esou wäerte mir iech d'ganz Joer iwwert all Neiegkeeten informéieren. Dir kënnt des Lëscht zu all Zäitpunkt verloossen andeems dir an enger Newsletter ganz ennen op “unsubscribe” dréckt oder eis eng Mail op gdpr@wonschstaer.lu maacht.

*Mir benotzen Mailchimp vir eis Newsletter, mat dem Abonnéieren confirméiert dir eis allgemeng Notzungsbedengungen gelies ze hunn an och ze akzeptéieren sou wéi eis ären Accord ze ginn, är Donnéeën un Mailchimp ze schenken a vun hinnen verwalten ze loossen. Gidd méi iwwer Mailchimp an hieren Dateschutz gewuer.