Vintagetreff 2019

Och dës Joer duerfte mir zesumme mat de Vintagefrënn Munnerëf eng grouss Unzuel vun alen Autoen, Motorrieder, Trakteren a Busser zu Munnerëf begréissen.

Trotz enger am viraus grousser Ongewëssheet wat d‘Wieder ubelaangt, konnte mir eis den Dag selwer iwwer ganz gutt Wiederkonditioune freeën. Dëst war natierlech eng grouss Viraussetzung fir d‘Läit fir eisen Vintagetreff ze besichen.

Vu Moies bis an de spéiden Nomëtteg konnten d‘Frënn vun den ale Maschinnen als Participant hiert Schmockstéck ausstellen oder als Visiteur déi vill flott al Gefierer bewonneren. Op Jonk oder Al fir jiddereen war dësen Treff e flott Erliefnis.

Wéi och schonn d‘lescht Joer konnt all Participant sech géint e klengen Don ee vun eise flotten Nummereschëlder sécheren an esou beim Concours vum schéinsten Gefier deel huelen. Jiddereen deen op de Vintagetreff komm ass konnt mat wielen a mat bësse Chance och selwer e klenge Präis als Merci mat Heem huelen.

No engem grousse Succès lescht Joer kënne mir houfreg sinn Iech ze erzielen dass et eis gelongen ass de Succès mat dëser zweeter Editioun nach emol ze iwwertreffen. Mir si begeeschtert iwwer déi enorm Ënnerstëtzung déi eise Vintagetreff am Laf vum ganze Sonndeg kritt huet.

Mir soen jidderengem Merci deen de Wee bis op eise Vintagetreff fonnt huet a wëllen och e e grousse Merci lass ginn un eis vill Sponsoren an natierlech ganz besonnesch un eis Vintagefrënn Munnerëf déi dësen Event op d‘Been gestallt hunn.

Fotoen vun Old-Rides