Vintagetreff 18

Zesumme mat de Vintagefrënn Munneref si mir houfreg an enorm dankbar, iech vun eisem éischte Vintagetreff ze erzielen. Sonndes de 24te Juni hu mir bei genialem Wieder knapps 100 Auto, Moto, Trakter a Busser zu Munneref begréisst.

Iwwert de ganzen Dag war eisen Treff och vu Visiteuren enorm gutt besicht an dëse positive Feedback huet eis dach och eng klengt Stéck iwwerrascht. Nieft eisen Iess- a Gedrénksstänn wou mir sécher gaange sinn, dass kee sech mat déckem Honger an Duscht huet op den Heemwee maache missen, hate mir nach allerlee aner Aktivitéite geplangt. Verschidde Firmae konnte sech an hier Produiten iwwert de ganzen Dag presentéiere a vun eiser Plattform profitéieren. Net nëmme fir déi Erwuesse hate mir allerlee ze bidden, mee och fir d’Kanner war mat engem Sprangschlass, Facepainting, Spillplaz an Autoscourse genuch Ofwiesslung um Site.

Fir all Participant a Visiteur hate mir och vu Moies bis Owes e Gewënnspill wou mir op der Sich no den 3 flottste Maschinne waren. Heibäi konnt jiddereen dee wollt mat wielen, seng Stëmm ofginn an zum Schluss goufen déi 3 Besëtzer mat engem Präis fir hire Besuch belount. Dat war awer nach net alles wat et ze gewanne gouf. Och si vun eis 3 Läit ausgeloust ginn, déi sech d’Méi gemaach hunn hier Stëmm ze verginn an duerno nach 2 déi hier Maschinnen ausgestallt hunn. D’Vintagefrënn hu separat och nach deen schéinsten Auto Moto an Trakter ermëttelt a sou konnte nach 3 Läit mat jeeweils enger Coupe Heem fueren.

Am Numm vun de Vintagefrënn Munneref an dem Wonschstär soe mir vun Häerzen all de Participanten, Visiteuren a ganz besonnesch eise ville Benevollen, der Amicale Elleng a Sponsoren villmools Merci.

Ouni är Hëllef wär et eis ni méiglech esou eng flott Manifestatioun op d’Been ze stellen an esou dem Public e flotten Dag an eng gutt Ambiance unzebidden.

Dobäi soe mir als Fondatioun och speziell de Vintagefrënn vun Munneref Merci, si hunn de ganzen Event an de Wee geluecht an hu sech komplett a mat groussem Enthusiasmus em d’Organisatioun gekëmmert.

Et ass net ze vill verrot, wann mir iech soen, dass de Succès vun dësem Dag ganz dofir schwätzt an den nächste Joren dësem Vintagetreff an eisem Agenda eng Plaz ze reservéieren a mir géingen eis freeën iech eventuell och déi nächst Joren zu Munneref begréissen ze kënnen.

Photos © www.old-rides.lu