Transardenne Biking Heroes

D‘Helde vum transardennes biking heroes, dat ware 27 Equippen, eng 100 Sportler a ganz vill Fräiwëlleger. Mir haten d‘Chance un dësem groussen Event deel ze huelen an des Erfarung bis zum Schluss duerchzezéien. Des intensiv Momenter iwwer 3 Deeg mat lauter Persounen, déi alleguer hier eege Schicksal op déi eng oder aner Aart a Weis hunn, ze erliewe, war fir eis eng onvergiesslech Saach!

3 Deeg gepräägt vu Pedalléieren, Schweessen an Tréine vu Freed a vu Leiden! D‘Fondatioun Wonschstär huet 3 Equipe gesponsert, dovun eng Equipe Wonschstär wou d‘Nadège, leit un der Krankheet ALS, vum Michelle Hudson, Josée Martin a Viviane Vermeer.

Éischten Dag: Esneux-Malmedy, 63 km, laanscht d‘Ourth, de Bierg erop an erof, mir waren ausser Otem! Geschlof hu mir an enger Auberge zu Butgenbach.

Zweeten Dag: Butgenbach-Klierf, 72 km, der Vennbahn no, verschidde RAVELS (belsch Vëlospisten)! Iwwernuecht am Centre écologique vun Housen.

Drëtten Dag: Klierf-Lëtzebuerg: 60 km. Wëllkomm am Norde vu Lëtzebuerg, dem Land vun de Wandrieder an de Schlässer.

E grousse MERCI un d‘Michelle Hudson an d‘Josée Martin, meng Co-Equipieren déi mech bei dëser grousser Erausfuerderung ënnerstëtzt hunn! Och wann d‘Kommunikatioun mam Nadège net ëmmer einfach war a mir heiansdo vergiess hunn d‘Handbrems vu sengem Handbike lass ze maachen, ware mir e gutt Team an hunn alles gemaach fir eis geigensaiteg ze hëllefen.

D‘Nadège huet eis ëmmer erëm drop opmierksam gemaach wat mer maache missten a mat vill Gedold a guddem Wëllen hu mir des grouss Aventure gemeeschtert!

E Merci u jiddereen, u Back to Sport an Cap2Sport fir d‘Organisatioun an déi technesch a psychologesch Ënnerstëtzung an all de schwéiere Momenter! Extraordinär Momenter vu Solidaritéit, Hëllef, Freed a Selbstiwwerwannung!

Onbedéngt ze widderhuelen….