Transardenne Biking Heroes

D‘Helde vum transardennes biking heroes, dat ware 27 Equippen, eng 100 Sportler a ganz vill Fräiwëlleger. Mir haten d‘Chance un dësem groussen Event deel ze huelen an des Erfarung bis zum Schluss duerchzezéien. Des intensiv Momenter iwwer 3 Deeg mat lauter Persounen, déi alleguer hier eege Schicksal op déi eng oder aner Aart a Weis hunn, ze erliewe, war fir eis eng onvergiesslech Saach!

3 Deeg gepräägt vu Pedalléieren, Schweessen an Tréine vu Freed a vu Leiden! D‘Fondatioun Wonschstär huet 3 Equipe gesponsert, dovun eng Equipe Wonschstär wou d‘Nadège, leit un der Krankheet ALS, vum Michelle Hudson, Josée Martin a Viviane Vermeer.

Éischten Dag: Esneux-Malmedy, 63 km, laanscht d‘Ourth, de Bierg erop an erof, mir waren ausser Otem! Geschlof hu mir an enger Auberge zu Butgenbach.

Zweeten Dag: Butgenbach-Klierf, 72 km, der Vennbahn no, verschidde RAVELS (belsch Vëlospisten)! Iwwernuecht am Centre écologique vun Housen.

Drëtten Dag: Klierf-Lëtzebuerg: 60 km. Wëllkomm am Norde vu Lëtzebuerg, dem Land vun de Wandrieder an de Schlässer.

E grousse MERCI un d‘Michelle Hudson an d‘Josée Martin, meng Co-Equipieren déi mech bei dëser grousser Erausfuerderung ënnerstëtzt hunn! Och wann d‘Kommunikatioun mam Nadège net ëmmer einfach war a mir heiansdo vergiess hunn d‘Handbrems vu sengem Handbike lass ze maachen, ware mir e gutt Team an hunn alles gemaach fir eis geigensaiteg ze hëllefen.

D‘Nadège huet eis ëmmer erëm drop opmierksam gemaach wat mer maache missten a mat vill Gedold a guddem Wëllen hu mir des grouss Aventure gemeeschtert!

E Merci u jiddereen, u Back to Sport an Cap2Sport fir d‘Organisatioun an déi technesch a psychologesch Ënnerstëtzung an all de schwéiere Momenter! Extraordinär Momenter vu Solidaritéit, Hëllef, Freed a Selbstiwwerwannung!

Onbedéngt ze widderhuelen….

Kontakt

25a, route de l'Europe L-5531 Remich

+352 671 888 000

info@wonschstaer.lu

LU82 0080 3062 1330 2001

Newsletter

Wëllt Dir emmer gären iwwert all eis Projeten um Courant sinn, dann gidd eis Är Coordonnéen a mir setzen Iech op eis Newsletterlëscht. Dir kënnt des Lëscht zu all Zäitpunkt verloossen andeems Dir an enger Newsletter ganz ennen op “unsubscribe” dréckt oder eis eng Mail op gdpr@wonschstaer.lu maacht.

Mir benotze Mailchimp fir eis Newsletter, mat dem Abonnéieren confirméiert Dir eis allgemeng Benotzungsbédengungen gelies ze hunn an och ze akzeptéieren, sou wéi eis Ären Accord ze ginn, Är Donnéeën un Mailchimp ze schécken a vun hinne verwalten ze loossen. Gidd méi iwwer Mailchimp an hiren Dateschutz gewuer.

Allgemeng Benotzungsbedéngungen