Stroossen Engelen

Och d’Fondatioun Wonschstär wëll an dëse schwéieren Zäiten hiren Bäitrag dozou bäidroen an ënnerstëtzt d’Stroossenengelen op hirer Missioun deenen ze hëllefen déi et momentan op der Strooss nach méi schwéier hunn.

Mir wäerten an der kommender Zäit Méindes, Mëttwochs a Freides Owes dofir suergen, dass eis Matbierger op Iessen a Gedrénks kënnen zeréck gräifen.

Mir wëllen dobäi och eise grousse Merci un d’Bäckerei Fischer Bäckerei Fischer ausdrécken déi dëse solidaresche Projet ënnerstëtzt, souwéi och der Firma Grosbusch Grosbusch déi sech ab nächster Woch mat Uebst un der Aktioun bedeelegt.