Stemm vun der Strooss

No engem Opruf op de soziale Medien vun der Stemm vun der Strooss hu mir eis ugesprach gefillt an eis iwwerluecht wéi mir hellëfe kéinten.

Si waren op der Sich no engem engagéierte Partner deen hinnen esou vill wéi méiglech Schung zur Verfügung stelle kéint.Mir als Fondatioun ware méi wéi frou eis Hellëf unzebidden an hoffen dass déi 75 Puer Schong hier nei Besëtzer an Zukunft op een bessere Wee „trëppelen“ loossen.

E grousse Merci un Theo Henkelman Footwear BV déi eis an enger wonnerbarer Zesummenarbecht bei dëser Aktioun ënnerstëtzt hunn.