Stëmm vun der Strooss

En exzeptionelle Projet!

Am Dezember 2016, hu mir fir Chrëschtdag 125 Stären am Refectoire vun der Stëmm vun der Strooss zu Esch/Alzette un de Beemche gehaangen. All defavoriséiert Persoun déi do betreit gëtt konnt eis säi perséinleche Wonsch fir d‘Joer 2017 erzielen, sou dass e kann an Erfëllung goen.

Ganzer 116 Wënsch konnte mir erfëllen: e Brëll, Ënnerwäsch, Strëmp, Schong, Canapé-lit, eng Kummer, Wäschmaschinne, Trockner, Raséierapparat, Kaffismaschinne, Televisioun, Vëloen, Concerten, Telefonen, Miwwelen, …

Mir konnten esou Läit e grousst Laachen an d‘Gesiicht zauberen, déi leider oft an eiser Gesellschaft vergiess ginn.