Stärerallye 15

Mir si frou Iech vun eiser zweeter Editioun vum Stärerallye ze erzielen. Dëst Joer ware mir nach e bësse méi populär wéi d’lescht Kéier, esouguer 44 Autoen hunn deelgeholl. Gestart si mir bei naassem Wieder um Golf zu Jonglënster, wou jiddereen gutt Kaffi gedronk an déi eng an déi aner Klengegkeet giess huet. Ënnerwee konnten mir déi schéi Muselgéigend entdecken.

Well mir schonn op der Musel waren, war et eng gutt Geleeënheet d’Kellerei Bernard Massard zu Gréiwemaacher ze besichen an och do z’iessen. No dësem Openthalt huet et dann erëm geheescht an d’Autoen, Motor un a lass. Am Nomëtteg si mir dann lues a lues Richtung Stad geflitzt. Gefuer gouf do puer Stonne bis alleguer schlussendlech d’Zil erreecht a mir den Ofschloss mat e puer Häppecher am Factory 4 zu Gaasperech gefeiert hunn.

Mir soen de Participanten an eise Benevole vun Häerze villmools Merci. Ouni Iech hätte mir och dëst Joer dëse Rallye net kënnen organiséieren. Hoffentlech huet sech jidderee gutt ameséiert, eis huet et jiddefalls e risege Spaass gemaach. Mir freeën eis Iech och d’nächst Joer kënnen ze begréissen.