Spicy 3

Zesumme mam Danielle, Sandra a Back to Sport aus dem Rehazenter hu mir fir déi zweete Kéier de Spicy 3 gemeeschtert! Eng grouss Leeschtung vun eisen 2 Sportlerinnen, mir si stolz op iech.

De Spicy 3 ass en Triathlon wou Mënsche mat an ouni Behënnerung zesummen deel huelen. Op d‘Sportler hu 500 m Schwammen, 24 km Vëlo a 6 km Lafen gewaart. Also eng richteg haart Prouf.

De Spicy 3 gëtt organiséiert fir d‘Fondation l‘Hymne aux enfants ze ënnerstëtzen, eng Organisatioun déi sech fir Projeten am Burkina Faso staark mëscht.

Kuckt dëse Video a sidd mat dobäi an iwwerzeegt iech selwer!