Sonia

Problemer mat den Zänn sinn heefeg an huele mam Alter zou. Dëst ass och beim Sonia de Fall, enger Fra déi bei der “Stëmm vun der Strooss” zu Esch betreit gëtt. Duerch finanziell Schwieregkeeten konnt d’ Sonia sech ni em seng schlecht Zänn këmmeren an dëst ass fir hatt eng grouss Laascht ginn. Well Zännkariess an Zännabzesse no an no d’Zänn zerstéiere kënnen, ass eng anstänneg Mond- an Zännfleeg enorm wichteg fir eng gutt Gesondheet. Schlecht versuergt kënnen Zänn souguer Häerzproblemer verursaachen.

Dank enger gudder Zesummenaarbecht vun dem Zänndokter Dr. Sybertz, der Stëmm vun der Strooss an der Fondatioun Wonschstär, kann d’Sonia haut erëm laachen.