Sandra

D’Sandra huet 36 Joer, an ass elengerzéiend Mamm vun 2 Kanner.
D’Sandra hat am Dezember 2014 Bluddungen am Gehir an huet nodeems et dunn operéiert gouf grouss Problemer mam Gläichgewiicht, Motorik, Zidderen, et gesäit duebel a kann nëmmen nach ganz lues schreiwen.

D’Sandra huet sech en Trike gewënscht, sou dass hat eppes mat sengen Kids ënnerhuelen kann a sech sportlech betätege kann. Den Trike ass eng Aart Vëlo mat deem een am Leien fueren kann.

Natierlech si mir deem Wonsch nogaangen an hunn déi jonk Mamm dobäi ënnerstëtzt.