Saccly

Nodeems mir beim SOS Kannerduerf op Besuch waren an eis Fondatioun an hir Ziler virgestallt hunn, huet eis eng Demande vum Saccly Ierpeldeng erreecht. Dëst ass eng sozial Ariichtung vum Kannerduerf déi sech em Jugendlecher mat schwéiere Familljeverhältnisser këmmert.

Mir goufe gefrot ob et méiglech wär mat engem Grupp vu 6 Jugendlecher an 3 Erzéier en Ausfluch vun puer Deeg op Berlin ze maachen.

Mat grousser Freed si mir vum 7-11 August mat hinnen op Berlin geflunn, wou mir am Viraus schonn e flotte Programm op d‘Been gestallt hunn, sou dass och e Maximum vu flotten Erliefnisser op de ganze Grupp gewaart huet.

Eng vun deenen éischten Iwwerraschungen déi mir fir si geplangt hate a wou si richteg begeeschtert waren, war déi international bekannte Show vun der Blue Men Group. Och eng ganz speziell Erfarung war e sou genannte Blind dinner, wou een am strack däischtere muss iessen a vu blanne Mënschen zerwéiert gëtt. Dëst soll d‘Läit sensibiliséieren an hinne fir eng Zäitchen d’Erfarung ginn blann ze sinn.

Déi üblech City Sightseeing Tour am Bus sou wéi ze Fouss huet natierlech och net dierfte feelen a sou hu mir hinnen déi bekanntste Mierkmoler wéi d‘Brandenburger Tor, d‘Siegessäule an all déi aner Sehenswierdegkeeten net virenthalen. Och hu mir dofir gesuergt, dass den geschichtlechen Aspekt vun der Stad Berlin net knapp kënnt a si e bëssen dovunner mat kréien.

E klengen Ausfluch an deen e puer Kilometer entfernte Movie Park hu mir och um Programm gehat.

Nieft deene ville kulturellen Aktivitéiten, hu mir de Jugendlechen awer och vill Fräizäit gelooss déi flott Stad op eegen Initiativ ze entdecken an och déi eng oder aner Shoppingtour ze maachen.

Alles an allem war et fir all déi Bedeelegt e schéinen Ausfluch, eng gelongen Ofwiesslung a mir si frou déi 5 Deeg dobäi gewiescht ze sinn an dëse Wonsch realiséiert ze hunn.