Rigobert

De Rigobert huet 54 Joer an hat tragescherweis virun e bësse méi wei 10 Joer e schwéieren Accident mat sengem Auto. Säit dësem Moment ass hien vu Kapp bis Fouss erof geläämt a wunnt an engem Foyer. Hien ass e Mënsch deen trotz senger schwéierer Aschränkung versicht sou autonom wéi méiglech ze liewen. Hien huet eis em ee Gefale gefrot.

Well hien ganz vill um Computer schafft an dësen ëmständlech mat sengem Rollstull steiert an dat net ideal ass, huet hien eis gefrot ob et méiglech wär him mat engem spezielle Brëll genannt „Glassouse“ ze hëllefen. Dëse Brëll erlaabt et dem Rigobert säi Computer mat den Aen ze steieren, wat fir hien eng ganz grouss Verbesserung ass.

Fir de Rigobert deen och fréier als Aide-soignant alles fir seng Matmënsche gemaach huet, hu mir net zweemol iwwerluecht an him säi Wonsch erfëllt.