Reittherapie – Kannerhaus Echternach

Fondatioun Wonschstär huet d’Madamm Heidi Bader begéint, Reitpedagogin an Däitschland.

Déi 4 Kanner aus dem Kannerheem Iechternach déi dohin ginn hunn ganz bestëmmt eng gutt Zäit an virun allem ginn se ganz gutt pädagogesch begleet.

Päerd an Ponyen stinn bei der Madamm Bader och net an Boxen mee kënne fräi aus dem Stall goen an erauslafen an d’Wiesen. D‘Kanner ginn och net forcéiert direkt op een Päerd oder Pony ze klammen mee si hunn emol vir d’alleréischt um Haff Geleeënheet mat aneren Déieren an Kontakt ze kommen, sou zum Beispill Hénger, Katzen an Hënn.

D’ Virdeeler:

  • Verbesserung vun de motoreschen Fäegkeeten
  • verbessert Kierpergefill
  • Selbstvertrauen opbauen: d’Zigel an d’Hand huelen
  • Erfarunge mat dem Päerd: am Gläichgewiicht mat sech selwer an den Mënschen am Ëmfeld sinn
  • Emotiounen besser ausdrécken kënnen
  • mat Aggressiounen ëmgoen kënnen
  • seng Grenzen kenneléieren
  • Ofbau vun Ängscht
  • verbessert Kommunikatioun