Ralf

De Ralf hat bis elo wéineg Gléck am Liewen. Am Kader vun eisem Projet mat der Organisatioun “Stëmm vun der Strooss” huet dem Ralf säi Schicksal eis besonnesch beréiert. Säi gréisste Wonsch: e puer Deeg an de Bierger ze sinn fir Natur, Landschaften an Déiere fotograféieren ze kënnen. Gesot, gemaach!

Opgrond vu gesondheetleche Problemer misste mir e Joer waarden, éier hien mat engem Bus op Meran an Italien fuere konnt, e klengt Paradäis a Südtirol, nëmmen e puer Kilometer vun der éisträichescher Grenz ewech. Emol ukomm, konnt hien duerch d‘Stroosse wanderen, an de Bierger spazéiere goen, déi éisträichesch an italienesch Kultur a Kiche kenneléieren.