Rafael Rafaeltuerm

De klenge Rafael huet 6 Joer an eng ganz schwéier a rare genetesch Krankheet déi Progeria heescht. Hien huet e grousse Wonsch, wann hie grouss ass gëtt hie gären Architekt. Ouni jeemools den Eiffeltuerm gesinn ze hunn, ass hien dovun esou faszinéiert dass hien dëst bekannt Monument an der Schoul ëmmer erëm gemoolt huet a sech och esou en Tuerm a sengem Schoulhaff zu Esch gewënscht huet.

E ganz spezielle Wonsch, well hien jo un enger schwéierer Krankheet leit duerch déi hien a säi Kierper éischter a ganz schnell altere léisst. Näischt konnt eis stoppen a mir hunn eis vill Méi ginn dem Rafael säi Wonsch ze erfëllen.

 No enger ganz laanger Zesummenaarbecht mat der Associatioun ALAN, der Gemeng vun Esch/Uelzecht an eise villen Donateuren, konnte mir Enn Oktober de „Rafaeltuerm“ aweien! Endlech konnt de klengen Architekt Rafael mat senge Klassekomeroden op sengem selwer geplangten Tuerm spillen.