Rafael Portugal

De Rafael ass e klenge Bouw vu 5 Joer deen eng schwéier genetesch Krankheet huet déi Progeria heescht. Des Krankheet léisst säi Kierper vill méi schnell al ginn an de Rafael huet doduerch eng wäitaus kierzer Liewenserwaardung.

Sait deem hien huet missen um Knéi operéiert ginn, kann hien nët mei goen an ass op e Rollstull ugewisen.

Seng Elteren hu geplangt mat him a Portugal bei hier Famill ze fueren. Leider ass dem Rafael seng Situatioun net kompatibel mat sou enger ustrengender Rees am Auto a seng Elteren kënne sech eng Rees am Fliiger net fir d’ganz Famill leeschten.

Dofir huet sech dem Rafael seng Assistante sociale vun ALAN, eng Associatioun déi Läit mat rare Krankheete betreit, eis ugeschriww a gefrot ob mir dem Rafael a senger Famill de Fluch a Portugal an d‘Locatioun vun engem Auto finanzéire kéinten. Och huet de Rafael emmer dovun gedreemt emol mam Fliiger ze fléien.

Dësem Wonsch si mir ganz gären nokomm a sou konnt de Rafael e puer schéi Woche bei der Famill am Süden verbréngen.