Rafael Paris

E flotten Ausfluch op Paräis stoung op dësem Dag um Programm. Zesumme mam Rafael senger Famill hu mir him e grousse Wonsch erfëllt. Hien ass scho Joren immens faszinéiert vum Eiffeltuerm mee selwer huet hien dëst Wonner nach net gesinn. Do hu mir eis fir säi Gebuertsdag net zweemol biede gelooss an hunn him eng flott Iwwerraschung mat engem Besuch vu sengem Tuerm gemaach.