Portugal

Eng weider Kéier konnte mir eng Persoun glécklech maaachen. Eng Bekannte vun enger Famill huet eis kontaktéiert an eis vun der Mamm hirem schwéieren Schicksal an hirem Wonsch erzielt. Mir waren natirlech immens getraff an hunn eis Ennerstëtzung zougesechert.

No enger klenger Planungsphase hu mir et erméiglecht dass déi ganz Famill wéi gewënscht bei hier Verwandten a Portugal konnt reesen. Am Krees vun hire Léiwsten konnten si zesumme ofschalten an trotz schwéierer Krankheet e puer schéin Deeg verbrengen.

Mir als Fondatioun Wonschstär si glécklech hinnen dëse Wonsch erfëllt ze hunn a freeë eis iwwer déi vill flott Momenter an Erennerungen déi d’Famill doduerch sammele konnt.