Nora

Nora, en léift Meedchen vun 15 Joer, lieft an enger grousser Famille mat 9 Geschwëster an seng Famill ass sozial benodeelegt. Seng Geschwëster hunn awer all iergendeen an hirem Ëmfeld den sech extra em si këmmert, just Nora ass ëmmer doheem an hat huet keen wou sech Zäit hëlt oder huet fir mol eemol eppes mat him ze maachen. 
Hat huet enger Assistente sociale uvertraut dat hat immens frou mat Päerd ass.

Zu Diddeleng gëtt et Ecurie Hoffmann wou Kanner reiden kënnen an awer och hëllefen mussen t’Päerd ze kämmen an ze botzen an hinnen ze iessen ginn., et gëtt vill Wäert op den Kontakt mam Deier geluecht an dat gefält dem Nora ganz gutt. Mir hunn hat vun Kapp bis Fouss equipéiert an him emol einstweilen e puer Reitstonnen offréiert.