Noah

Den 13 Joer alen Noah, deen am Alter vun 2 Joer adoptéiert ginn ass an zu Lëtzebuerg lieft, huet virun e puer Joer säi Papp u Leukemie verluer. Hien huet e klenge Brudder a lieft bei senger Mamm. Och den Noah gouf net verschount an huet den 19. Abrëll missen en Gehirtumor entfernt kréien.

Hien huet seng Moral behalen an huet eng intensiv Rehabilitatioun am Rehazenter gemaach. Leider huet hien no engem Réckfall am Dezember erëm missen operéiert ginn. Trotz dëse Schicksalsschléi kämpft den Noah wéi e Léiw a konnt säi Laache behalen.

Säi grousse Wonsch: “Erem Frënn ze hunn”, well se duerch seng laang Hospitalisatioun fort sinn. Wou mir dem Noah seng Geschicht héieren hunn, hu mir eis direkt gefrot wéi mir dem Noah hëllefe kéinten. Mir hu schnell erkannt, dass Sport als Mëttel fir eng Resozialiséierung eng Schlësselroll kéint spillen.

Wéinst senger kierperlecher Behënnerung, interesséiert hien sech natierlech besonnesch fir en Trike. Dësen huet nach e puer Upassunge gebraucht, wéi z.B. eng elektresch Hëllef.

Schliisslech huet den Noah säin Trike an der grousser Vakanz kritt an huet säit deem scho vill profitéiert. Dëst erlaabt him och mat senger Famill op d’Rull ze goen an hien plangt souguer un engem Triathlon deel ze huelen.Fir dëst Zil ze erreechen trainéiert hie mam Trike doheem a schwëmmt am Rehazenter.