Mika

Zesumme mat der Fiduciaire Faber, déi eis Ticketen fir e Match vum FC Bayern München geschenkt hunn, konnte mir de Mika a säin Kolleeg de Bryan op d’Rees schécken. E ganze Weekend hunn déi zwee an der bayrescher Landeshaaptstad verbruecht, wou déi zwee nierft dem Match teschend Bayern an Darmstadt sech och nach aner flott Sachen ukucken konnten.

E grousse Merci un d’Fiduciaire Faber, déi dësen Trip mat hiere Kaarten erméiglecht huet.

Déi Ausflig waren tiptop, kann nemmen merci soen fir daat waat dir fir mech maacht an weart daat emmer an Erënnerung behaalen, well daat war wieklech schein!

Mika Richards