Madelino

De Madelino huet eng degenerativ Muskelkrankheet déi et him net erméiglecht normal Auto ze fueren, sou dass hien op en speziell adaptéierten Auto ugewisen ass. No bal 2 Joer waarden a vill administrativ Aarbecht huet den Madelino endlech säin Dram vun Fräiheet a Mobilitéit erfëllt kritt. Hien fiert elo mat engem speziellen System, dem Space Drive II, deen et him erméiglecht den Auto mat engem Joystick ze fueren.

Zesummen mat Autopolis hu mir un dësem Projet geschafft a mir soe jidderengem e groussen Merci deen bei dësem Projet matgeschafft huet an natierlech och un eis Donateuren ouni déi et kaum méiglech gewiescht wär.