E mobilt Bett

Eng Mam vun zwee schwéier behënnert Kanner huet eis em finanziell Ënnerstëtzung gefrot fir hirer 11 järeger Duechter eng speziell fuerbar Lieg ze kafen. D’Meedchen kann net laang am Rollstull sëtzen an fir hat op der Couche oder am Bett ze lageren ass immens ëmständlech fir d’Famill. Leider gouf hir Ufro vun der Krankekeess mat der Begrënnung, dass hatt schonn e Rollstull hätt, ofgeleent. Net ze gleewen awer wouer! D’Fondatioun Wonschstär war, mat Hëllef vun hiren Donateuren, direkt averstanen fir d’Käschte vun 5.414€ ze iwwerhuelen. E grousse Merci deenen deen d’Mënschlechkeet méi bedeit wei de Profit!