Laptops

Och d’Fondatioun Wonschstär wëll an dëser Zäit déi vill Schüler ennerstëtzen déi et momentan méi schwéier hunn hirer Educatioun nozegoen. Mir all wësse wéi wichteg eng gutt schoulesch Bildung am Liewen ass an dofir hu mir engem Grupp Schüler aus dem Lycée technique vu Bouneweeg an am Lycée du Nord vu Woltz am ganzen 20 Laptoppen iwwerreecht. Elo steet hirer Educatioun an Zukunft op manst op techneschem Niveau naischt mei am Wee.

E grousse Merci un all dei dei des Aktioun geplangt an ënnerstëtzt hunn, sou wei och  un d’Firma Eye-T vu Manternach déi eis d’Laptoppe geliwwert hunn.