Konschtausstellung 17

D’Fondatioun Wonschstär huet de Weekend vum 7. an 8. Abrëll op seng éischt Konschtausstellung an den Hotel Légère op Mënsbech agelueden. Déi zwee Deeg huet de Wonschstär de véier Kënschtler Snejana Granatkina, Eric Heimermann, Thibaut de Villèle an Tom Pauly d’Méiglechkeet ginn hir Wierker aus Fotografie a Molerei auszestellen. Freides um Owend huet d’Presidentin Viviane Vermeer bei engem klenge Patt an e puer Schnittercher d’Konschtbegeeschtert, déi de Wee bis op Mënsbech fonnt hunn, begréisst an e puer Erklärungen zu der Fondatioun an de Kënschtler sou wéi hire Wierker ginn.

Samschdes hunn du weider Leit sech och bei wonnerschéinem Wieder dobaussen d’Geleeënheet net entgoe gelooss, d’Konschtwierker ze bestaunen an och dat eent oder anert Wierk mat Heem ze huelen. Alles an allem war et eng ganz positiv éischt Erfarung vir de Wonschstär a mir soe jidderengem Merci, deen d’Fondatioun an déi eenzel Kënschtler mat senger Präsenz appreciéiert huet.