Kick it for Wonschstär 18

Och eis véiert Editioun vum Kick it for Wonschstär huet déi vill Fussballfrënn, déi de Wee bis op Bous fonnt hunn, net enttäuscht. Déi ongeféier 125 Spiller an e ganze Koup Visiteuren a Benevollen konnte sech déi éischte Kéier säit mir de Kick it for Wonschstär organiséieren, op e ganz sonnegen Dag vu Moies bis Owes freeën. Iwwert e bësse méi wéi 6 Stonnen hu sech déi 17 Härenequippen näischt um Terrain geschenkt an esou alles probéiert fir sech d’Kroun opzesetzen.

An enger spannender Final konnt sech d’Ekipp De bloen Iesel géint BFC Streetplayers behaapten an duerften bei der Präisiwwerreechung den éischte Präis entgéint huelen a sech op en Equippenausfluch op Monnerech op d’Kartingspist freeën.

Als Fondatioun Wonschstär si mir immens frou esou vill Ënnerstëtzung vun dobaussen, sief dat vun Equippen, Benevollen an och Sponsoren, ze kréien. Dofir soe mir Iech villmools Merci an hoffen et huet jidderengem genau esou vill Spaass gemaach wéi eis.

Fotoen © Änder Schwartz