Kick it for Wonschstär 18

Och eis véiert Editioun vum Kick it for Wonschstär huet déi vill Fussballfrënn, déi de Wee bis op Bous fonnt hunn, net enttäuscht. Déi ongeféier 125 Spiller an e ganze Koup Visiteuren a Benevollen konnte sech déi éischte Kéier säit mir de Kick it for Wonschstär organiséieren, op e ganz sonnegen Dag vu Moies bis Owes freeën. Iwwert e bësse méi wéi 6 Stonnen hu sech déi 17 Härenequippen näischt um Terrain geschenkt an esou alles probéiert sech d’Kroun opzesetzen.

An enger spannender Final konnt sech d’Ekipp De bloen Iesel géint BFC Streetplayers behaapten an duerften bei der Präisiwwerreechung den éischte Präis entgéint huelen a sech op en Equippenausfluch op Monnerech op d’Kartingspist freeën.

Als Fondatioun Wonschstär si mir immens frou esou vill Ënnerstëtzung vun dobaussen, sief dat vun Equippen, Benevollen an och Sponsoren, ze kréien. Dofir soe mir Iech villmools Merci an hoffen et huet jidderengem genau esou vill Spaass gemaach wéi eis.

Foto vum Änder Schwartz

Kontakt

25a, route de l'Europe L-5531 Remich

+352 671 888 000

info@wonschstaer.lu

LU82 0080 3062 1330 2001

Newsletter

Wëllt dir emmer gären iwwert all eis Projeten um Courant sinn, dann gidd eis är Coordonnéen a mir setzen Iech op eis Newsletterlëscht, esou wäerte mir iech d'ganz Joer iwwert all Neiegkeeten informéieren. Dir kënnt des Lëscht zu all Zäitpunkt verloossen andeems dir an enger Newsletter ganz ennen op “unsubscribe” dréckt oder eis eng Mail op gdpr@wonschstaer.lu maacht.

*Mir benotzen Mailchimp vir eis Newsletter, mat dem Abonnéieren confirméiert dir eis allgemeng Notzungsbedengungen gelies ze hunn an och ze akzeptéieren sou wéi eis ären Accord ze ginn, är Donnéeën un Mailchimp ze schenken a vun hinnen verwalten ze loossen. Gidd méi iwwer Mailchimp an hieren Dateschutz gewuer.