Kick it for Wonschstär 15

Den 20. Juni 2015 hu sech ëm déi 250 Hobby-Fussballspiller zu Rëmerschen getraff fir bei der éischter Editioun vum Kick it for Wonschstär, engem Fussballturnéier zu Gonschten vun der Fondatioun, deelzehuelen.

Gespillt hunn am ganzen 29 Ekippen, dovun 5 Damen- an 24 Hären-Ekippen. Moies um 10 Auer gouf den éischte Match ugepaff. No gudden an amüsanten aacht Stonne mat vill Schweess, haart geféierten Zweekämpf a flotte Goaler stoung do och mat de Bauer Rangers, déi sech géint den Avenir Lampech mat 2-1 duerchgesat hunn, de Gewënner fest.

Mir bedanken eis ganz häerzlech bei de Spiller, Spectateuren a ganz besonnesch bei all deenen déi eng oder och puer Hänn mat ugepaakt hunn.

Mir freeën eis Iech och bei der nächster Editioun vum Kick it for Wonschstär mat dobäi ze hunn.