Kannerhaus Grevenmacher

Ee vun de Mottoe vum Covid-19 ass et, sou oft wéi méiglech Doheem ze bleiwen! Dat ass net ëmmer einfach fir d’Kanner aus dem Kannerhaus Grevenmacher. Ee vun de Pedagogen, den Här Jean Nyssen, hat eng groussaarteg Iddie: E Museksprojet mat engem Grupp Kanner am Alter vu 5-12 Joer!

d’Zil vum Projet:

  • Iwwer d’Musek léieren a Spaass mat verschiddenen Instrumenter hunn.
  • d’Kanner sollen e Verantwortungsgefill entwéckelen an deem se d’Méiglechkeet kréien e Coversong ze komponéieren a sech iwwer den Erfolleg vun hirem Projet freeën.
  • D’Musek gëtt hinnen eng ideal Plattform, fir sech auszedrécken andeems si den Text vum Lidd selwer schreiwen an spéider virdroen!

Déi néideg Instrumenter: Laptop, Audio-Interface, Keyboard, Mikro, Gittar, Batterie, Xylophon, Trommel, …