Kannerduerf Karting

Nodeems mir beim SOS Kannerduerf op Besuch waren an eis Fondatioun an hir Ziler virgestallt hunn, huet eis eng Demande vun hinnen erreecht. D’SOS Kannerduerf ass eng sozial Ariichtung déi sech em Kanner mat schwéiere Familljeverhältnisser këmmert.

Zesumme mat engem Grupp Kanner hu si sech gewënscht emol en Ausfluch op eng Cartingspist ze maachen. No enger klenger Sich hu mir och schnell mat der Cartingspist zu Monnerech déi richteg Plaz fonnt wou mer de Kanner e puer flott Momenter kënne schenken.

Knapp zu Monnerech ukomm ass et dunn och schonn lass gaangen. No kuerzen Erklärungen hu sech d‘Kanner extra Rennkostümer ugedoe, déi dobäi passend Helmer opgesat an a Richtung Cart gemaach. Ganz schnell ware si och scho prett op de Startschoss ze waarden an an d‘Pedal ze drécken.

No 1-2 Ronne wou se nach ganz virsiichteg ënnerwee waren, si si ëmmer méi kéng ginn an hu sou richteg Gas ginn. No etleche Ronne voller Freed a Spaass war leider den Tank och emol eidel a se hunn hire Cart erëm an d‘Garage misse parken.

Als Ofschloss vun dësem grandiose Moien hu mir de Kanner awer nach e klenge Cadeau gemaach. Nodeems si sech sou gutt dru ginn hunn op der Pist waren déi kleng och gutt hongereg a mir si mat hinnen nach eppes Guddes an eng Pizzeria iesse gaangen.

Mir hunn eis gefreet iwwert déi vill glécklech Gesiichter vun de Kanner.