Jugendherberg

D’Fondatioun Wonschstär huet enger Famill déi sech an enger schwiereger sozialer Situatioun befënnt virun enger Zäit e bëssen ënnert d’Äerm gegraff. Well des Famill hir Wunneng gekënnegt kritt huet a réischt an e puer Wochen an hiert neit Doheem plënnere kann, hu si missen an der Tëschenzäit irjendsweg ënnerkommen. Well een dës Elteren an hier 3 Kanner net einfach am Reen stoe loosse kann, huet de Wonschstär sech eng afale gelooss an hinnen iwwert eng Woch en Openthalt am Youth Hostel an der Stad finanzéiert.

Mir soen all eisen Donateure Villmools Merci fir déi fantastesch Ënnerstëtzung déi eise ville Projeten ze gutt kënnt.

Foto ©Youth Hostel Luxembourg