Iwwer eis

D’Fondatioun Wonschstär, déi 2014 gegrënnt gouf, war mäin Dram. De Message ass relativ einfach: Léift, Matgefill, Barmhäerzegkeet a Verantwortungsgefill.

Alles wat mir maachen, huet eng Bedeitung a jiddereen, deen mir op eisem Liewenswee begéinen, prägt eist Liewen. Mënschen, déi eis Hëllef an Ënnerstëtzung gebrauche kënnen, gehéieren dacks zu eisem Alldag. Esou huet mech viru siwe Joer d’Geschicht vum Tom, deen am Alter vun 21 Joer e schwéiere Schicksalsschlag erlidden huet, matgeholl.

Sécherlech konnt ech him säi gréisste Wonsch, nämlech net méi am Rollstull ze sëtzen, net erfëllen. Awer duerch d’Stëftung hoffen ech, dass ech him e bësse Matgefill u säi Schicksal weise konnt an him d’Bestätegung konnt ginn, datt säi Liewen, trotz sengem schwéiere Schicksal, e Sënn ergëtt. Gutt a schlecht Erfarunge brauch e Mënsch fir ze wuessen an dohin ze komme wou säi Wee hien hi féiert.

Hien ass eise Botschafter, deen anere Leit mat engem schwéiere Schicksal weise kann, datt et sech ëmmer lount ze kämpfen!

Trotz villen Hindernisser am Liewen, soll een ni de Mutt verléieren. Wa mir a schwierege Situatiounen staarke Wëlle weisen, ass d’Aussicht op Erfolleg méiglech an e klénge Liichtbléck kann eisen Alldag oplackeren. E Stär, e klenge Liichtbléck wëll ech méiglechst ville Betraffenen mat eiser Stëftung schenken. Eng kleng Freed bereeden, e bëssen Hoffnung ginn, dat ass eist Matgefill um Schicksal vun de Betraffenen.

Viviane Soanni

Präsidentin

Interviews

Den Amsal huet am Kader vun der Campagne Handicap 2023 vum Ministère du Travail en Interview iwwert säin Handicap, d’Sich no enger Aarbecht a säin Aarbechtsalldag bei eiser Fondatioun ginn.

Och eis Präsidentin d’Viviane Soanni huet en Interview ginn an nach emol ennerstrach wéi wichteg et ass Persoune mat Handicap eng Aarbecht ze ginn an hinnen eng Perspektiv an der Aarbechtswelt ze weisen.

 

“Eréischt d’Méiglechkeet, en Dram ze verwierklechen, mëscht eist Liewen liewenswäert!” – Paulo Coelho

Wee si mir?

Viviane Soanni

Viviane Soanni

Präsidentin

Hausfra, gebuer den 22.11.1959 a Mamm vun 2 Jongen.

“Matt méngem Engagement wëll ech deenen, déi all Dag mat traurege Schicksaler kämpfen mussen, e puer Minutten, Stonnen oder Deeg Freed a Glécksmomenter schenken. All Projet gëtt matt grousser Léift a Suergfalt duerchgefouert.”

Marc Feyder

Marc Feyder

Vize Präsident

Afekot, gebuer 1959 a Papp vun dräi Kanner.

 “Ech interesséiere mech fir d’Bierger an de Schisport. Ech ginn och gär lafen a spillen Tennis.”

 “Ech sinn iwwerzeegt dorun ze schaffen, datt d’Welt vu muer besser gëtt wéi déi vun haut.”

Nicole Greiwelding

Nicole Greiwelding

Verwaltungsrot

Medizinesch Sekretärin, Wittfra, Mamm vun dräi Jongen a gebuer den 13.04.1958.

„Mënschlech Gréisst wiisst nëmme wann e sech ëm d’Gléck vun anere Mënsche beméit. Et kann e sech nëmmen als mënschlech bezeechne wann e sech ëm aner Leit këmmert.”

Jean-Claude Merjai

Jean-Claude Merjai

Reviseur de caisse

Comptabel, a Papp vun 2 Meedecher.

Annette DeMarch

Annette DeMarch

Verwaltungsrot

Gebuer 16.9.1948

“Trotz munch schwieregen Zäiten huet d’Liewen et allgemeng gutt mat mir gemengt an ech wëll haut e bësschen dovu matginn!”

Marc Kayser

Marc Kayser

Verwaltungsrot

Chirurg fir Gelenkverletzungen a Krankheeten. Papp vu 4 wonnerbaare Kanner mat schonns 11 Enkelkanner

“Schonns aal genuch fir ze wëssen wat fir eng Chance een huet, gesond a monter ze sinn. Duerfir ass et eng Selbstverständlechkeet, Leit, déi dës Chance net hunn, esou vill wéi méiglech mat de Mëttelen vun dëser Organisatioun ze hëllefen.”

Michèle Konsbrück

Michèle Konsbrück

Verwaltungsrot

Tom Pauly

Tom Pauly

Verwaltungsrot

liedeg, gebuer den 26.11.1987

“Et ass schéin anere Läit eng Freed ze maachen an hinnen e Laachen an d’Gesiicht ze zauberen. Dëst gëtt hinne Motivatioun a Kraaft fir hieren oft schwéieren Alldag mat neien Idien ze fëllen.”

Amsal Redzepovic

Amsal Redzepovic

Sekretär

gebuer den 14.09.2000

Ech freeën mech fir mat der Fondation Wonschstaer zesummen ze schaffen”

Bernadette Neu

Bernadette Neu

Bénévole

gebuer den 18.03.1964
Retraitée seit September 2022

Kontakt

Wann Dir mat eis Kontakt wëllt ophuelen, da kënnt Dir eis uruffen oder hei schreiwen. Mir beäntweren Iech gär all är weider Froen. Sidd Dir eventuell interesséiert eis bei eisen Aktiounen oder Evenementer ze hëllefen, da kënnt Dir eis och einfach hei schreiwen. Mir sinn ëmmer bereet, mat anere Leit zesummen ze schaffen a freeën eis op Äre Message.

RGPD