Isabelle

D’Isabelle ass gescheet an huet 3 Kanner (10,13 an 23 Joer al). Si wunnen de Moment an engem Heem fir Fraen an Nout. Vun 2009-2010 hat hatt eng Bäckerei, déi leider Faillite umelle misst. No engem Hireschlag 2015, vun deem hatt sech ganz gutt erholl huet, schafft hatt 30 Stonnen als Livreur bei enger belscher Firma.

Säi Wonsch war et eng Formatioun als Podologin ze maachen, déi hei a Lëtzebuerg unerkannt ass, fir dass hatt sech ka selbststänneg maachen. Glécklecherweis hu mir bei Namur en Trainingszenter fir intensiv medezinesch Foussfleeg fonnt, wou hatt wärend 10 Méint zweemol d’Woch  sech weiderbilt.

Et handelt sech dobäi em een medezinesch Foussfleeg Diplom, mat deem d’Isabelle an engem Spidol, enger Poliklinik, engem Fleegeheem, à domicile oder an enger eegener Praxis schaffe kann.

D’Isabelle ass ganz glécklech, dass hatt dank dem Wonschstär, déi néideg Formatioun an erfuerderlech Ausrëschtung geschenkt kritt huet, déi et him erlaabt seng Kanner ze halen a seng Scholden ze tilgen.