Ines

Nodeems d’Ines virun e puer Joer eng Delfintherapie besicht huet a seng Eltere doduerch signifikant Fortschretter am Alldag bemierkt hunn, goufe mir gefrot ob mir gewëllt wären d’Ines a seng Famill eng zweete Kéier ze ënnerstëtzen.

Mir si glécklech der Famill konnten ze hellëfen fir op en Neits un esou enger Therapie an der Tierkei deel ze huelen. 

Wéi een op de Biller gesäit huet et Ines och des Kéier erem esou gutt gefall a mir drécken d’Daumen dass hatt duerch des Erfahrungen an nächster Zäit weider Verbesserunge maache kann.

E klengen Témoignage vun der Famill:

« Mir sinn all Immens stolz op d’Ines wei hatt daat dest Joer gemeeschtert huet. Hatt war ganz anescht wei 2019, vill mei aktiv an huet alles besser wouer geholl. Et huet sech souguer op d’Delfinen konzentréiert a sech net ooflenken gelooss. Hatt ass esou positiv an daat huet sech op dat ganz Team oofgefiewt. An natierlech emmer um laachen an strahlen. D’Ines huet och vill Quatsch mat den Delfinen gemaach. Mee daat allerbescht as awer dass hatt eleng mam Delfin geschwommen ass also sech eleng ugehaalen huet. D’Mamm an de Papp konnten daat am Ufank net gleewen. »

Mir soen all eisen Donateuren, déi dem Ines a senger Famill dëse Wonsch erfëllt hunn, villmools Merci.