Henri

De léiwen Henri huet eis leider no enger schwéirer Kriibserkrankung an deene leschten Deeg verlooss an esou huet hien scho ganz jonk e schwéiert Schicksal erwëscht.

Zesumme mat sengen Elteren konnte mir him awer nach emol eng flott Aventure schenken a mir ware mat him bei de Leederwon op Betzder gefuer wou hie sech konnt e bësse mat de Päerd ameséieren. Well den Henri awer och eng enorm Faszinatioun fir Trakteren hat, hat hie sech gewënscht eemol e groussen Trakter vu ganz no unzekucken.

Duerch d’Hëllef vun der d’Leederwon a.s.b.l. an dem Claude, deen eis säin Trakter zur Verfügung gestallt huet, konnte mir dem Henri e spannende Moment bidden. 

E grousse Merci un all déi Bedeelegt an eis häerzlechst Bäileed un d’ganz Famill. Mir wënschen hinnen ganz vill Kraaft an hirer Trauer.