Här Almann

Den Här Almann hu mir  am Kader vun eisem Projet mat der Stëmm vun der Strooss vun Esch Uelzecht kennegeléiert . Hien huet all Dag do ze Mëtteg giess fir net eleng ze sinn. Hien hat e ganz spezielle Wonsch. Well den Här Almann net méi zu deenen jéngste gehéiert huet hien sech näischt méi gewënscht wéi en Zëmmer an engem Altersheem ze fannen.

Well Chrëschtdag ëmmer méi no komm ass a mir net wollten, dass hien déi Deeg eleng ass, hu mir eis op d’Sich gemaach no engem Altersheem. No kuerzem sichen hu mir déi richteg Plaz fonnt an him e provisorecht Zëmmer zu Munneref am “Mon Plaisir” fir e puer Wochen organiséiert sou dass hien an enger flotter Ambiance konnt Chrëschtdag genéissen..

Wéi den Zoufall et wollt huet RTL sech bei eis gemellt fir e Reportage iwwer d’Fondatioun ze maachen. Duerch dësen Reportage wou mir de Wonschstär presentéiert hunn, awer och vum Här Almann geschwat gouff, ass him no kuerzer Zäit e fest Zëmmer an engem aneren Altersheem ugebueden ginn.