Gravity Chair

Och Wënsch vun Hëllefsmëttel fir schwéier krank Kanner an Erwuessener probéiere mir ze realiséieren. Sou ass bei eis net déi éischte Kéier eng Demande fir e Gravity Chair eran komm.

De Gravity Chair ass e spezielle Sëtz aus Schaumstoff dee schwéier behënnerte Läit et erméiglecht an enger komfortabeler Positioun  ze sëtzen. Oft ass den Alldag immens ustrengend fir déi betraffen Elteren, Betreier an natierlech Kanner selwer. Esou kënnt den Gravity Chair wéi geruff an hëlleft hinnen alleguer hir Situatioun besser ze meeschteren.