Faris

De Faris huet 7 Joer, kennt aus Bosnien a lieft säit 2014 zesumme mat sengen Elteren a sengen zwou Schwësteren zu Lëtzebuerg. Hien huet eng neuromuskulär Krankheet (Duchenne Becker), déi sech duerch d‘Verléieren a Ofschwächung vu senger Muskulatur charakteriséiert. Des Krankheet geet ëmmer weider an hien fänkt un Problemer mam goen ze kréien a kënnt net méi richteg Trapen erop. De Faris schléift mat senger Schwëster zesummen an enger Kummer a seng Elteren hunn net déi néideg finanziell Mëttel fir him eng eege Kummer ze finanzéieren an e medezinescht elektresch Bett ze ginn.

Mir wëssen, dass de Faris e grousse Fan vun dem Film „Cars“ ass an hunn eis geduecht et wier eng gutt Iddi him eng nei Kummer ganz am Motto vu sengem Liiblingsfilm anzeriichten. D‘Iwwerraschung war ganz grouss wou hien aus der Schoul Heem komm ass a seng ganz nei ageriichte Kummer bestaune konnt.

E grousse Merci un Ameublement Friedrich vun Réimech.