Famill Kluge

Säit enger Zäit si mir am Kontakt mat der Famill Kluge, enger eleng erzéihender Mamm mat 6 Kanner. De Moment gi si vun enger Assistante sociale vum Parquet général suivéiert a mir goufe vun hir wéinst enger Urgence kontaktéiert. 

Enges Dages ass onglécklecherweis den Auto vun der Famill net méi gaangen, dëst huet d’Mamm sou wéi hier Kanner an eng schwéier Situatioun bruecht. Well hier finanziell Situatioun immens ageschränkt ass, konnt si den Auto net an eng Käschten intensiv Reparatur ginn a scho guer net fir en neien Auto kucken.

An enger wonnerbarer Zesummenaarbecht mam Maria Schötzer vun der Association “Insieme”, wat op italienesch “ZESUMMEN” heescht, an der Carrosserie Palanca vun Ehlerange ass eng beispillhaft Solidaritéit entstanen fir dës Famill ze ënnerstëtzen an hir hir essentiell Mobilitéit erëm ze schenken! Laut der Assistane sociale vum Parquet général ware mir déi lëscht Hoffnung fir dëser Famill an dëse schwéieren Zäiten ënnert d’Äerm ze gräifen.

Elo brauch och den Noper, deen oft als gudde Samariter d’Famill hin an hier gefouert huet (obwuel och hien aarbechtslos a verzweiwelt no enger Aarbecht sicht) net emmer anzesprangen. D‘Madamm Kluge, déi fir Masseuse geléiert huet an op der Sich no enger Aarbecht ass, huet mat hirem neie groen Ford nei Hoffnung fir sech an hir 6 Kanner gewonnen.

Mir wënschen der ganzer Famill eng gutt Faart an eng besser Zukunft a soen dofir all eisen Donateuren an Ënnerstëtzer villmools Merci fir hir Solidaritéit.