Erliefnis Baggerweier

Mir sinn immenz houfreg iech kënnen vun engem weidere flotte realiséierte Projet ze zielen. Virun enger gudder Zäitchen goufe mir vun der Erliefnis Baggerweier asbl kontaktéiert a si hunn eis em Hëllef gefrot. 

Nodeems si eis vu sech an hirem Zil, d’Baggerweieren fir jiddereen accessibel ze maachen, erzielt hunn, ware mir direkt begeeschtert an hunn eis geduecht do misste mir mat dobäi sinn.

No ganz vill Organisatioun war et dunn endlech esou wäit an dee vun eis gesponsorten Ponton, fir Läit am Rollstull an och blann Persounen, konnt an enger flotter Reportage dem breede Public presentéiert ginn.

Mir wënsche jidderengem dee vun dëser flotter Installatioun zukünfteg profitéieren kann ganz vill Spaass beim Bueden.

Natierlech geet dobäi e ganz grousse Merci un all eis Ennerstëtzer ouni déi mir esou flott Projeten net kéinte maachen.

Video ©RTL GROUP