Eric

D’Iwwerraschung ass gelongen. Mir ware mam Eric a senger Mam op Eindhoven fir den Eric ze iwwerraschen. Hien ass e grousse Bayern München Fan a mir si mat him den Champions League Match PSV Eindhoven-FC Bayern München kucke gaangen. Net nëmmen um Match konnt hien seng Equipe gesinn, mee och vu méi no. Mir hunn nämlech am selwechten Hotel wéi d’Spiller iwwernuecht a sou konnt den Eric déi eng oder aner Foto maachen. Alles an allem war et e super flotten Ausfluch, souguer mat engem positive fussballereschen Resultat.