Danielle

D’Danielle huet schonn allerlee mat gemaach, no zeg Operatiounen huet hat de Mutt behalen a sech erëm zeréck gekämpft. Och nodeems hat e Been verluer hat, konnt keen d’Danielle bremsen an et huet ëmmer positiv no fir gekuckt.

D’Danielle war eent vun deenen alleréischten déi eis selwer kontaktéiert hunn.

Well hat mat sengem Rollstull vill sportlech aktiv ass, a säin Rollstull awer net dofir adaptéiert ass, huet hat sech bei eis gemellt an eng Demande fir e Sportrollstull “Handbike” gemaach.

Mam Handbike huet hatt d’Méiglechkeet sech am Rehazenter sportlech ze engagéieren, an ass am Grupp “Back to Sport” aktiv. Dëse Grupp bitt de Läit mat enger kierperlecher Behënnerung d’Chance sech erëm sportlech ze betätegen.