Cricri

No dem Dout vu sengen 2 Schwësteren an der Scheedung vu sengem Mann (alles am selwechte Joer) huet Cricri, 50 Joer, sech net méi richteg vum Schock erholl. Esou eng prekär familiär Situatioun gëtt natierlech vun enger schlechter finanzieller Situatioun net besser an esou ass et och méi schwéier sech nei ze orientéieren.

Ganz depressiv huet hat sech e klengt Haus a Frankräich zu engem klenge Präis kaf an et wunnt elo do ganz eleng. Op den éischte Bléck war alles perfekt, mee no kuerzer Zäit huet hatt gemierkt, dass den Zoustand vum Haus desaströs ass. Lues a lues huet een d‘Fiichtegkeet ëmmer méi geriicht, am Buedzëmmer war keng Toilette a sou misst hatt an der Nuecht déi hallef futtis Trapen erof goen, fir op d‘Toilette déi sech nieft dem Haus befënnt.

Elleng a moralesch ganz schlecht, wollte mir d‘Cricri net loossen an hunn eis fir hatt staark gemaach. All Persoun soll e Recht hunn op en Dach iwwert dem Kapp an déi absolut Noutwendegkeeten vum Alldag. Dofir war et néideg, dass mir dem Cricri ënnert d‘Äerm gräifen an e puer Aarbechten a sengem Doheem ofschléissen, sou dass hatt erëm Motivatioun kritt.

Mat Hëllef vun de Firmaen SANICHAUFER, DELVAUX, JACOB a WEIS, dem Asaz vu sengem Jong dem Manu an der finanzieller Ënnerstëtzung vun der Fondatioun Wonschstär, konnte mir dofir suergen, dass d‘Restauratioun vum Buedzëmmer an d’Verleeë vun neie Biedem am gesamten Haus fäerdeg gestallt gi sinn.

De Wonschstär huet dem Cricri eng nei Bitzmaschinn zoukomme gelooss mat där hatt schaffe kann. Als Merci engagéiert hatt sech fir eise Chrëschtmaart ze bastelen.