Concert Herman van Veen

De Freideg 15. Dezember hu mir zesumme mat der Asbl De Leederwon e ganz besonneschen Event organiséiert. Duerch eis Kontakter hate mir déi grouss Chance den hollännesche Kabarettist Herman van Veen fir e Concert bei eis zu Lëtzebuerg kënnen ze begréissen.  Dëse Concert gouf am grousse Sall vum Conservatoire ofgehalen a mir si stolz an dankbar, dass esou vill Läit sech et net entgoe loosse konnten bei dësem flotte musikalesche Spektakel dobäi ze sinn.

Den Herman a seng Artisten hu sech och net zweemol bieden gelooss an hu vun Ufank un mat hirer Show de ganze Sall an hire Bann gezunn. Hier ganz grouss musikalesch Konscht zesumme mat dem Herman senge Witzer hu jidderee begeeschtert an d’Läit méi wéi nëmmen ee mol zum Laache bruecht.

Mir soe jidderengem villmools Merci deen de Wee bis an de Conservatoire fonnt huet a mir hoffen, dass et Iech op mannst sou gutt gefall huet wéi eis. Ganz besonnesch bedanke mir eis och bei all eise ville Sponsoren déi eis ënnerstëtzt hunn an domat dëse flotte Concert méiglech gemaach hunn.

www.hermanvanveen.com