Concert de Bienfaisance

Eise Beneficeconcert vum 29. November an der Banque de Luxembourg war e ganz groussen Erfolleg. Mir soe jidderengem deen do war villmools Merci. E ganz besonnesche Merci geet un déi véier Musekerinnen Annalena Castagna, Gaëlle Boqué, Gaëlle Vien a Valérie Knabe, déi eis Ouere musikalesch verwinnt hunn. Mir hoffen et huet all Mënsch esou vill Spaass gemaach wéi eis. Wann dir méi iwwert d’Musekerinne wësse wëllt kënnt dir op hir Websäit goen.